Walter Plein zum runden Geburtstag

Léiwe Walter,

Denger Hartnäckigkeet hun mir et all ze verdanken, dat et haut d'Gustiwanderfrënn gët. Bäim Niddergang vum Gusti hues du de Michael an de Pol gefroot, an ëmmer erëm, an ëmmer erëm, ob sie dir giffen eng Hand upacken dat déi gewuessen Frëndschaften nët giffen zerfaalen.

Dofir soen mir dir am Numm vun allen Wanderfrënn villmols Merci an wënschen dir
alles Guddes fir däin 80. Gebuertsdag,
den's du an dësen Deeg gefeiert hues. Mir wënschen, dat's du eis nach laang, als vun allen geschätzten Wanderfrënd, erhalen bleiws. 

Michael an Pol, am Abrël 2020